Neurologesch Reeducatioun Doheem
Bei Mon Kiné si mir houfreg spezialiséiert neurologesch Reeducatiounsservicer doheem unzebidden. Eist Haaptzil ass et Leit, déi un neurologesche Problemer leiden, ze hëllefen hir Autonomie erëm ze kréien an hir Liewensqualitéit ze verbesseren, direkt bei hinnen doheem.
D’neurologesch Reeducatioun Doheem ass eng konkret an effektiv Äntwert op d’Bedierfnesser vun eise Patienten, déi mat verschiddenen neurologesche Problemer liewen, wéi AVC, Parkinson, Multiple Sklerose, asw. Eis Equipe implementéiert spezifesch Techniken aus der Kinesitherapie fir eise Patienten ze hëllefen hir motoresch Funktiounen ze recuperéieren, hiert Gläichgewiicht an hier Koordinatioun ze verbesseren, an zäitgläich u Kraaft an Ausdauer ze schaffen.
Andeems Dir Mon Kiné fir Är neurologesch Reeducatioun doheem beusprocht, kritt Dir d’Garantie ob eng personaliséiert Betreiung, déi op Är Besoinen ugepasst ass. Eis Kiné’e schaffe mat Iech zesumme fir een op Mooss gemaachte Reeducatiounsprogramm opzestellen, baséierend op Äre spezifesche Besoinen a perséinlechen Ziler.
Den Avantage vun der neurologescher Reeducatioun Doheem bei Mon Kiné ass, datt der d’Méiglechkeet hutt Qualitéitspfleeg an engem gewinnten a gemittlechen Ëmfeld bei Iech Doheem ze kréien. Mir sinn iwwerzeegt datt de Confort vun Ärem Doheem eng méi séier a méi effektiv Recuperatioun fërdere kann.
Wann Dir oder ee vun äre Léifsten no engem neurologesche Reeducatiounsservice doheem sicht, da kontaktéiert eis bei Mon Kiné. Mir engagéieren eis Iech qualitativ héichwäerteg kinesitherapeutesch Betreiung unzebidden, ugepasst un Är Besoinen, fir Iech dobäi ze hëllefen erëm e Liewen dat sou onofhängeg a beräicherend wéi méiglech ass ze féieren.
Neurologesch Pathologië, déi een doheem mat Kinesitherapie behandelen kann
D’neurologesch Reeducatioun doheem spillt eng entscheedend Roll an der Betreiung vu Patiente mat neurologesche Problemer, fir hir Mobilitéit, Funktionalitéit a Liewensqualitéit ze verbesseren. Hei sinn e puer vun den neurologesche Pathologien, déi dacks doheem behandelt ginn:
- AVC: Rehabilitatiounsprogrammer, déi d’Recuperatioun vun de motoreschen a kognitive Funktioune cibléieren, déi no engem AVC verluer gaange sinn.
- Parkinson : Interventioune fir d’Koordinatioun an d’Gläichgewiicht ze verbesseren a Symptomer wéi Zidderen a Steifheet ze geréieren.
- Multiple Sklerose (MS): Therapeutesch Approchë fir Symptomer ze managen, d’Mobilitéit an d’Autonomie vu Patiente mat MS ze verbesseren.
- Peripher Neuropathien: Technike fir d’Nervefunktioun ze restauréieren, Péng ze reduzéieren an d’Liewensqualitéit ze verbesseren.
- Degenerativ Gehirerkrankungen: Ënnerstëtzung fir Patienten an hir Famille fir d’Progressioun vun der Krankheet mei lues ze maachen, d’Autonomie z’erhalen an d’Kommunikatioun ze verbesseren.
- Cerebral Lähmung: Personaliséiert Approchë fir d’motoresch Funktiounen, d’Gläichgewiicht a d’Koordinatioun bei Kanner an Erwuessener ze verbesseren.
- Myopathien: Rehabilitatiounsstrategie fir d’Muskelkraaft an d’Ausdauer ze erhéijen, an alldeeglech Aktivitéiten ze erliichteren.
- Ataxien: Programmer, entwéckelt fir d’Koordinatioun, d’Gläichgewiicht ze verbesseren an de Risiko vu Stierz ze reduzéieren, déi spezifesch Erausfuerderungen duerch des Conditioun ze adresséieren.
- Réckemuerchverletzungen: Interventiounen déi di motoresch a sensoresch Rehabilitatioun cibléieren, a Präventioun vu sekundäre Komplikatiounen.
- …
Duerch enk Zesummenaarbecht mat engem Kiné, deen an der Neurologie spezialiséiert ass, kënnen d’Patiente bedeitend Fortschrëtter an der Gestioun vun hire Symptomer an hirem alldeegleche Fonctionnement maachen, an dat direkt vun doheem aus. Mon Kiné engagéiert sech eng holistesch a personaliséiert Betreiung fir all Patient unzebidden, ugepasst un déi eenzegaarteg Erausfuerderunge vun all neurologescher Pathologie.
D’Deplacementskäschte vum Kiné kënne vun der CNS a Form vun engem Forfait gedeckt ginn, virausgesat datt:
- Den Dokter ob der Ordonnance indiquéiert, datt et medezinesch noutwenneg ass datt de Kiné d’Behandlung vum Versécherte bei him doheem mécht, andeems hien d’Këscht “ZD10: Reeskäschte” ukräizt.
- D’Deplacement op Lëtzebuerger Territoire stattfënnt. En Deplacement iwwert d’Grenz gëtt net iwwerholl.